General Meeting Douzelage

18.08.2023

Den Douzelage, dat ass Frëndschaft a ganz Europa duerch touristeschen, sportlechen, educativen, wirtschaftleschen a kulturellen Austausch.

All Joer fënnt an enger vun deenen 28 Partnerstied vum Douzelage Europa en General Meeting statt. Ënnert dem Thema vum historeschen a kulturelle Partimoine vun de Partnerstied, geet et dëst Joer vum 28. September bis 1. Oktober op Rovinj a Kroatien.

D'Gemeng Nidderaanwen hëllt mat de Jugendlechen an Educateure vum Jugendhaus och um General Meeting deel a sicht nach interesséiert Awunner, déi als offiziell Representanten eis Gemeng zu Rovinj vertrieden. En Deel vun de Käschte gëtt vun der Gemeng Nidderaanwen, sou wéi vum Douzelage, finanzéiert.
 

Interesséiert? Da mellt Iech elo nach séier bei eis a schreift eis mat engem Mail via communication@niederanven.lu, wéisou Dir un dësem flotten Event deelhuele wëllt.

www.douzelage.eu

Newsletter GM Rovinj