Gemengewalen 2023

02.02.2023

Aus der Politik


echkawielen.lu | jepeuxvoter.lu | ichkannwaehlen.lu | icanvote.lu | eupossovotar.lu


Walbüroen

Fir dem ofgeännerte Walgesetz vum 18. Februar 2003 ze entspriechen an no enger Kommunikatioun vum Inneministère wäerten d’Walbüroen ab den nächste Gemengewalen, den 11. Juni 2023, nei organiséiert ginn. D’Gesetz gesäit vir, dass an all Walbüro mussen tëschent 300 a 600 Wieler ageschriwwe sinn an, dass et net erlaabt ass en Duerf an zwou Wallokalitéiten opzedeelen. Aus dëse Grënn, a well d’Unzuel vun der Bréifwal ëmmer méi an d’Luucht geet, huet de Gemengerot decidéiert, dass d’Walbüroen an den Uertschaften Ueweraanwen an Nidderaanwen sollen zentraliséiert ginn, fir d’Organisatioun vun de Walen ze erliichteren. D’Wieler aus den Uertschaften Nidderaanwen, Sennéng a Sennéngerbierg wäerten zu Nidderaanwe wielen an déi aus Iernster, Hueschtert, Ueweraanwen, Rammeldang a vum Waldhaff zu Ueweraanwen. D’Gemeng wäert Iech eng Navette zur Verfügung stellen, fir Iech bei Äre Walbüro ze bréngen.

 

 

Bréifwal

Et ass Iech net méiglech den 11. Juni 2023 perséinlech an Äre Walbüro ze kommen? An dësem Fall kënnt Dir Iech fir d’Bréifwal decidéieren! D’Demande kënnt Dir elektronesch iwwer myguichet.lu oder iwwert e Formulaire maachen, den Dir op der Gemeng kritt, an dat fréistens ab dem 20. Mäerz 2023 a spéitstens bis den 2. Mee 2023 (Envoi an d’Ausland) oder de 17. Mee 2023 (Envoi a Lëtzebuerg). Ausserdeem ass decidéiert ginn, dass d’Gemeng d’Käschte vum Renvoi vun der Bréifwal iwwerhuele wäert!

 

 

De Waldag

Spéitstens fënnef Deeg virum Walsonndeg kritt Dir eng Convocatioun mat allen néidegen Informatiounen zu Ärem Walbüro an den Ëffnungszäiten, e Muster vum Walziedel an den Instruktiounen zougeschéckt. Um Walsonndeg musst Dir tëschent 8 Auer moies an 2 Auer mëttes, mat Ärer Identitéitskaart an Ärer Convocatioun an Äre Walbüro goen.