Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
20250513_Tiny-House-7
Urbanismus

Start vum 3D-Print vum Tiny House

No enger gudder Woch Preparatiounen an e puer Testuleef, ass et haut, 13. Mee 2025, mam 3D-Print vum Tiny House zu Rammeldang lassgaangen. Niewent den Architekten a Baufirmaen, déi um Projet bedeelegt sinn, huet sech och de Schäfferot e Bild vum Chantier gemaach a konnt der Press Riet an Äntwert stoen. Nach dës Woch soll d'Tiny House fäerdeg geprint sinn, duerno geet et da mam Finissage lass. Verëffentlecht den 2025-05-13
New site - 43 (5)
Gemengeliewen

Routes barrées zu Senneng

Am Kader vun der Aweiung vun der ,,Place Grand-Duc Henri’’ a Präsenz vu S.A.R. dem Grand-Duc, wëlle mir Iech informéieren, dass de Mëttwoch 14. Mee 2025 tëschent 15 Auer an 22 Auer follgend Stroossen zu Senneng fir den Trafic gespaart an och net mam Auto accessibel sinn. • d’Rue du Château vum Haus n° 26 bis 39,• d’Rue de la Montagne, dëst 20 Meter virun der Kräizung mat der Rue du Château,• d’Rue Wiltheim, vum Haus n° 57 bis bei d’Kräizung mat der Rue du Château,• d’Rue Wangert. D’Awunner vun den Haiser 34, 34A an 36-38 an der Rue du Château si gebieden hir Autoe vum 12. Mee 2025, 10 Auer, un net méi virun hirem Haus ze parken, dëst wéinst der Installatioun vun engem Zelt fir d’Feierlechkeeten. D’Accèse bei dës Haiser si mam Auto wärend dëser Zäit net méiglech. D’Awunner aus der Gemeng sinn häerzlech wëllkomm, d’Festivitéiten am Kader vun der Aweiung vun der ,,Place Grand-Duc Henri’’ kucken ze kommen. Verëffentlecht den 2025-05-09