FLEX-Carsharing
03.01.2023
Liewen an der GemengSäit dem Joreswiessel stinn an eiser Gemeng insgesamt 4 Autoen bei eisen 3 Carsharing-Statioune vu Flex by CFL. Dës Statioune befanne sech:
- zu Nidderaanwen bei der Spuerkeess
- zu Ueweraanwen bei der Märei
- um Sennéngerbierg beim Waassertuerm
Den Déngscht vu Flex‑Carsharing bitt iech d’Méiglechkeet een Auto fir eng gewëssen Zäit ze notzen, ouni een Auto mussen ze kafen. Fir vun dësem Déngscht profitéieren ze kënnen, braucht dir nëmmen d’ App vu Flex an een Abonnement. Fannt weider Informatiounen op flex.lu oder an dësem Flyer.