Entspanungscourse vum cnapa
28.08.2023

Chronesche Stress féiert net nëmmen zu Gefiller wéi Hektik, Angscht oder Hëllefslosegkeet, e schwächt och d'Immunsystem a mécht méi ufälleg fir Krankheeten oder ongënschteg Bewältegungsstrategien.
Am Entspanungscours vum cnapa léiert Dir, wéi Dir Är Widderstandskraaft iwwer séilesch a kierperlech Entspanung aktivéiere kënnt a wéi et Iech geléngt, ustrengend oder schwéier Situatiounen mat ënner Rou a positive mentale Biller ze bewältegen.
Fir des Entspanungstechnik sinn eng sëlleg positiv Wierkungen op d'Resilienz an d'Gesondheet nogewisen.
- Wou: cnapa, 99 rue Andethana, L-6970 Hueschtert/Nidderaanwen
- Sprooch: Lëtzebuergesch & Däitsch
- Formatrice: Elena Bienfait
-
Datumer - ëmmer mëttwochs vu 17h15 bis 18h30:
- 20.09.2023
- 27.09.2023
- 04.10.2023
- 11.10.2023
- 18.10.2023
- 25.10.2023
- 08.11.2023
- 22.11.2023
- Umeldung ënner: inscription@cnapa.lu
- Frais de participation: 120€
Flyer cnapa - Entspanungscoursen