Den Office nationale de l'enfance, ONE

08.09.2023

Den ONE ass eng ëffentlech Verwaltung ënnert der Tutelle vum Educatiounsministère. Seng Missioun ass et de Kanner, Jugendlechen an hiren Elteren eng Ënnerstëtzung ze gi wa si Schwieregkeeten hunn. Oft ass et just eng haart Zäit, déi et ze geréiert heescht fir dass et nees besser geet. D’Equippe kënnen iech esou hëllefen déi beschte Léisung ze fannen fir dass d’Saachen nees an d’Rei ginn.

Am Moment ass den ONE a 14 Lokalitéiten uechtert d'Land vertrueden. Den nooste Büro fir eis Gemeng ass zu Gréiwemaacher:

Office régional GREVENMACHER
2A, avenue Prince Henri
L-6735 Grevenmacher

Méi Infos am Communiqué vum ONE:
ONE Gréiwemaacher