Biergerworkshop

27.09.2023

Liewen an der Gemeng

Am Kader vun der Renovatioun vum fréiere Bauerenhaff an der Rue Laach, invitéiere mir d'Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng häerzlech op eise Biergerworkshop fir zesummen iwwert d'Neigestaltung an d'Konzept vun dësem kulturellen an intergenerationelle Komplex ze diskutéieren.
Loosst eis zesummen iwwert follgend Sujete schwätzen:

  •  Numm vum Haff
  •  Konzept vum Café littéraire
  •  Besetzung vun de Säll

Mellt Iech wgl. bis spéitsdens de Méinden, 2. Oktober 2023 un iwwer events@niederanven.lu.