Biergerversammlung iwwert d'Buslinn 321
27.01.2023
Liewen an der Gemeng
De Schäfferot invitéiert op d'Biergerversammlung iwwert déi nei Trajetspropos vun der Buslinn 321, déi d'Dierfer Sennengerbierg, Sennéng, Hueschtert, Rammeldang, Ueweraanwen an Nidderaanwen un d'Luxexpo Kierchbierg ralliéiere soll. Fir Är Remarken an Iddie mat eis ze deelen, sidd de Méinden, 6. Februar, ab 18h30 am Centre de Loisirs ,,Loisi'' mat dobäi!