Biergeratelier zum Thema ,,Begéinungsplazen'' a ,,Walbedeelegung''
03.02.2023
Liewen an der Gemeng
D'Integratiounskommissioun invitéiert den 22. Februar um 18h30 op hire Biergeratelier zum Thema ,,Begéinungsplazen'' a ,,Walbedeelegung''.
D'Kommunikatiounssprooche si Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch. Am Themeberäich „Begéinungsplaze“ wäerten d’Treffpunkten an onser Gemeng analyséiert ginn, iwwer méiglech Verbesserungen nogeduercht an och iwwer nei Projete geschwat ginn. Am Themeberäich „Walbedeelegung“ gëtt d’Bilanz vun den Aschreiwungen op d’Wielerlëschte gemaach, an zesummen iwwerluecht, wéi een d’Bierger motivéiert kritt, sech anzeschreiwen an um politesche Liewen deelzehuelen. Befaasst gëtt sech mat der Informatioun, der Kommunikatioun an dem Dialog tëschent Politiker a Bierger.
Dëse Workshop gëtt vun der ASTI an den Integratiounsberoder vum Pakt vum Zesummeliewen geleet.
Fir d’Organisatioun ze vereinfachen, biede mer Iech, der Integratiounskommissioun per E-Mail un integration@niederanven.lu matzedeelen, zu wéivill Dir kommt a wéi eng Kommunikatiounssprooch Dir wëllt benotzen.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.