Bëssen Wëssen

24.11.2023

Am Gespréich mat der jonker Entrepreneurin vu Bëssen Wëssen, dem Kim Lanners:

Am September hu mir eis mam Kim Lanners (19 Joer) aus der Gemeng getraff fir mat him iwwert e ganz besonnesche Projet ze schwätzen. Zesumme mat senger Ekipp aus dem Lycée Aline Mayrisch, huet hat nämlech de Präis vun der Mini-Entreprise 2023 gewonnen. Hir Iddi? E Kaartespill mam Numm Bëssen Wëssen. Wéi si op déi Iddi komm sinn, wat dohannert stécht, a wat ee brauch, fir als Jonken eng Entreprise op d’Been ze stellen, konnte mir d’Kim bei engem klengen Interview perséinlech froen.


Bëssen Wëssen – wat ass dat?
Bëssen Wëssen ass e Kaartespill, dat aus 53 Kaarte mat enger Léisungskaart an enger Reegelkaart besteet. D’Spill ass geduecht, fir d’Integratioun ze vereinfachen - ma awer net nëmmen. Och dem Lëtzebuerger soll et hëllefen, säin eegent Land besser kennenzeléieren. Oft hate mir als Ekipp nämlech d’Gefill, dass déi Jonk net wierklech vill iwwer Lëtzebuerg kennen, virun Allem wann et ëm d’Traditioune geet. Mir wollten een Numm dee catchy ass an awer eppes mat Lëtzebuerg ze dinn huet. A mir wollten e Wuertspill. Du si mer op Bëssen Wëssen komm, dat heescht halt vu Bëssen eppes wëssen. D’Leit soen nach ëmmer, den Numm wier falsch geschriwwen, mee et ass express gemaach! Et gesäit méi schéin aus an ass och eppes, mat deem vill Marke schaffen – dat Optescht zielt beim Choix vum Numm mat.


Heibäi handelt et sech ëm e Projet, deen an der Schoul entstanen ass. Wéi kann ee sech dat virstellen a wéi sidd dir als Ekipp op d’Iddi komm fir e Kaartespill ze maachen?
Ab 3ème muss een an all Lycée eng Optioun wielen. Et gi ganz verschidden Optiounen, wéi Sport, Coding, Zeechnen. A bei eis am Aline Mayrisch gëtt et och d’Optioun ,,Mini-Entreprise’’. Ech hunn d’Mini-Entreprise Frësch Këscht scho kannt, selwer schonn do bestallt an dee ganze Projet matverfollegt, dofir hunn ech mir geduecht, elo wier meng Chance fir dat och endlech ze maachen. Ech hunn dëse Choix awer och wéinst menger Sektioun getraff, well dat wat mir do am Cours gesinn, Compta a Marketing beispillsweis, konnt ech an der Optioun ,,Mini-Entreprise’’ applizéieren. D’Optioun ,,Mini-Entreprise’’ ass u sech e Concours vun der Asbl Jonk Entrepreneuren. Hei kënne sech all Joer d’Klasse vun 3ème an 2ème, aus dem Technique a Classique, melle fir matzemaachen. Fir unzefänke ware mir op de Creativity Camp vun de Jonk Entrepreneuren, wärend deem mir geléiert hunn, ze brainstormen, iwwer Problemer ze schwätzen a Léisungen ze fannen. An du koume mir op de Problem vun der Lëtzebuerger Sprooch, dass déi relativ vernoléissegt gëtt a keen esou richteg Loscht huet déi ze léieren. Dofir hu mir probéiert ronderëm dee Problem eppes ze fannen a sinn dunn op d’Iddi vun engem Kaartespill komm.


Kim, du wunns an der Gemeng Nidderaanwen a bass hei grouss ginn. D’Gemeng zielt ca. 6.700 Awunner mat 90 verschiddenen Nationalitéiten. Ka jiddereen äert Kaartespill spillen?
Jo, u sech ka jiddereen an der Gemeng dat Spill spillen. D’Spill ass ëmmer op Lëtzebuergesch an dorënner fënnt een dann eng Franséisch oder Englesch Iwwersetzung. Dat sinn déi Sproochen, déi am Meeschten zu Lëtzebuerg geschwat ginn. Mir hu vill auslännesch Clienten an déi meeschte verstinn eng vun deene Sproochen. Mir goufen awer och schonn oft gefrot, ob mer och eng Portugisesch Iwwersetzung maache kënnen a sinn amgaangen ze kucke fir dat ëmzesetzen. Eis war awer och wichteg, dass Grouss a Kleng et zesumme spille kënnen. Dofir goufe verschidde Levelen agebaut, fir dass jidderee säi Schwieregkeetsgrad wiele kann.
 

Dir krut eng Partie Präisser dëst Joer: Mini-Entreprise vum Joer 2023, de Goodyear Brand Excellence-Präiss op der Gen-E Konferenz Istanbul, de Best Overall Company-Präiss 2023 vu JA Austria Marketplace zu Wien, an du selwer krus als Chef d’entreprise zu Istanbul de Leadership Award. Wat muss een – nieft enger gudder Iddi realiséieren – maache fir dës Präisser ze kréien an esou wäit ze kommen?
Wann een als Jonken eng Entreprise grënne wëll, an dat ouni Kontakter ze hunn, ass dat immens schwéier. Dofir soll ee sech wierklech un d’Jonk Entrepreneure wenden. Et kritt een déi néideg Kontakter, sief dat mat der House of Start-Ups, déi eis immens ënnerstëtzt huet, oder och beispillsweis mat der Librairie Ernster. Iwwer Eventer am Ausland goufe mir vun de Jonk Entrepreneuren informéiert, ugemellt hu mir eis du selwer. Finanziell krute mir awer guer net gehollef. Mir hu mat Aktië vun 10€ ugefaangen, déi mir un eis Frënn an d’Famill verkaf hunn. A lo si mer amgaangen eis Aktionären ze rembourséieren a mir bezuelen hinnen och en Deel vun eisem Benefice aus.

v.l.n.r.: Manuela Klensch-Melchior (RH&C), Fréd Ternes (Buergermeeschter), Kim Lanners (Bëssen Wëssen), Laura Gaul (RH&C).

Zum Schluss nach e puer kleng Froe fir eisen Interview ofzeschléissen:

  • Kachkéis oder Judd mat Gaardebounen?

Judd mat Gaardebounen!

  • De Roude Léif oder d’Gëlle Fra?

De Roude Léif

  • Digital oder op Pabeier?

Op Pabeier

  • Du gees jo warscheinlech och gläich studéieren: Uni Lëtzebuerg oder Ausland?

Ausland

  • Beim Ausschaffe vum Kaartespill: Zeechnen, Schreiwen, Marketing oder d’Compta maachen?

Marketing

  • Déi schéinste Plaz an der Gemeng Nidderaanwen?

Beim Bëschhaus bei de Scouten!


Méi Informatiounen iwwert d’Kaartespill Bëssen Wëssen fannt Dir op hirem Site www.bessenwessen.com. D’Spill kënnt Dir och op hirem Site oder am Buttek kafen. Iwwregens gëtt et mëttlerweil och schonns eng Europa-Versioun vum Kaartespill – vill Spaass beim Spillen!