Aweiung vum Liewenstuerm ,,Am Sand''

29.03.2023

Emwelt

De Freiden, 24. Mäerz, ass um Campus ,,Am Sand'' e Liewenstuerm ageweit ginn, deen e Symbol fir den Erhalt vun der Aartevillfall soll sinn an an Zukunft e Liewensraum fir Insekten, Reptilien, Villercher a kleng Mamendéieren bidde soll. Sou sinn d'Etagë vum Tuerm mat verschiddene Materialie befëllt a ronderëm den Tuerm eng einheimesch Kraidermëschung geséit ginn. Zousätzlech si Beem a Straicher geplanzt ginn, déi duerch hir Bléie besonnesch bestäuberfrëndlech sinn. E flotte Projet vun eiser Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mam SIAS, dem Fierschter an eisem Gaardendéngscht.

Fannt all d'Fotoe vun der Aweiung hei: 

Fotoen