App fir Waasserstänn an Héichwaasser

18.01.2023

Emwelt

An deene leschten Deeg huet et gutt gereent an et ass am ganze Land zu Héichwaasser an Iwwerschwemmunge komm. Ma wosst Dir, dass Dir Iech mat der App fir Waasserstänn an Héichwaasser Är eegen Alerten zesummesetze kënnt? Lued Iech elo ,,Meine Pegel'' erof (App Store | Google Play Store) a gitt mat Zäiten iwwert de Waasserstand an Ärer Regioun informéiert.