Aktioun Gielt Band
22.08.2023
Emwelt
Scho gewosst? Friichten einfach esou vun engem Bam plécken, ass verbueden. Dofir huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung zesumme mam Syvicol schonn 2021 d'Aktioun ,,Gielt Band'' an d'Liewe geruff.
Och an eiser Gemeng fannt Dir Uebstbeem, déi mat engem giele Band gekennzeechent sinn - hei dierft Dir d'Äppel, Quidden, Kiischten, Bieren, Quetschen oder och Drauwe plécken.
Zerwéiert Iech an hëlleft mat ze evitéieren, dass all Joer kiloweis Uebst an de Gäert an op ëffentleche Plaze fault!
Dir hutt och en Uebstbam an Ärem Bongert stoen, dee fir d'Leit accessibel ass? Da maacht bei der Aktioun mat a kommt Iech Äert gielt Band op d'Gemeng sichen!
Interaktiv Kaart mat den Uebstbeem an eiser Gemeng: http://g-o.lu/3/H8vG
Flyer Aktioun Gielt Band - Beem all markéiert
Flyer Aktioun Gielt Band - Beem net all markéiert