Ëmwelt

Anti-Gaspi mam Anne Faber

Verëffentlecht den 08 October 2026
Agenda-Show-cooking

E Samschden, den 3. Oktober 2026, hate mir d'Freed, d'Anne Faber an eiser Gemeng ze begréissen. Am Kader vun engem Anti-Gaspi-Workshop hunn d'Participanten entdeckt, wéi een aus vermeintleche „Reschter“ nach schmackhaft Platen zaubere kann a gläichzäiteg Liewensmëtteloffall reduzéiert.

Mat villen prakteschen Tipps, kreativen Iddien a leckere Rezepter huet d'Anne Faber gewisen, wéi einfach et ass, Liewensmëttel nohalteg ze notzen an hinnen en zweet Liewen ze ginn. Als Ofschloss konnten d'Participanten déi preparéiert Rezepter och schmaachen.

E grousse Merci un d'Naturteam fir d'Organisatioun an un d'Maison Relais fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.

Hei drënner fannt Dir 3 Anti-Gaspi-Rezepter vum Anne Faber souwéi d'Dokument „Zero Waste Cooking Tips“ mat weidere praktesche Rotschléi.
Amaretti: https://anneskitchen.lu/soft-amaretti-cookies/
Anything Goes Cake: https://anneskitchen.lu/anything-goes-cake/
Leftover Vegetable Muffins: https://anneskitchen.lu/leftover-vegetable-muffins/

Fotogalerie
Dokumenter fir Erofzelueden