Aktuell Gemengeprojeten

Haut op vun 08h00 -14h00 (ouni Ënnerbriechung)

Projets-Niederanven-Header

E Bléck op déi aktuell Projeten an der Gemeng Nidderaanwen

Plan-Duerfplaz-Ernster

En Vue vun der Neigestaltung vun der Duerfplaz zu Iernster, goufen den 18. Mee 2022 an den 19. Oktober 2022 wärend zwee Workshoppen zesumme mat de Bierger, Iddie fir en neien Duerfkär zu Iernster gesammelt. D'Resultater vun dëse Workshoppe goufen de Bierger elo den 8. Mäerz 2023 wärend engem Informatiounsowend presentéiert.

Photo-StadeJosBecker

Wärend dem Gemengerot vum 24. Februar 2023 gouf de Projet vun der Renovatioun an dem Ausbau vum Stade Jos Becker gestëmmt. Beim Projet ass eng Transformatioun vum bestoende Gebai an eng Extensioun geplangt, mam Zil d'Raimlechkeeten an Zukunft besser notzen ze kënnen a méi Fläch zur Verfügung ze hunn. Wat den Ausbau vum Stade betrëfft, sinn hei virun Allem d'Vestiairen an d'Tribün betraff, déi renovéiert an ausgebaut ginn.

Technesch gesinn, gëtt d'Gebai moderniséiert fir op den aktuelle Stand ze kommen. D'Gasheizung gëtt duerch eng Loftwärmepompel ersat, déi am südlechen Deel vum Spillfeld positionéiert gëtt. Eng moderniséiert Lëftungsanlag gëtt an engem Technikraum iwwert der Pressekabinn placéiert. Eng nei Reewaasserzëttär wäert fir d'Bewässerung déngen. Op den Diecher ass eng Photovoltaikanlag virgesinn. 

Photo-Centre-Medical-Niederanven

En neien a wichtege Projet ass den 9. Dezember 2022 am Gemengerot gestëmmt ginn. Riets ass vun engem Centre medical beim ale Policegebai zu Ueweraanwen. Hei wäerte sech viraussiichtlech ab 2026 an der Rue Andethana eng Rei Dokteren, souwuel Generalisten ewéi och Spezialisten nidderloosse kënnen.

Photo-Ferme-Rue-Laach

Wärend dem Gemengerot vum 1. Abrëll 2022 gouf de Projet vum Haff Peter an der Rue Laach gestëmmt. Nieft der Realisatioun vu Seniorewunnengen a bezuelbarem Wunnraum, soll hei och Café littéraire an e Gemeinschaftszentrum am Agang vum neie Quartier entstoen, wou Kënschtler, Start-ups a lokal Veräiner (Club50Plus & Club Senior) ënnerbruecht kënne ginn.

Photo-Hall-Tennis-Senningerberg

De Projet vum Ausbau vum Tennis um Sennengerbierg ass lancéiert. Geplangt ass d'Hal ze sanéieren, de Sanitärblock ofzerappen a virun d'Hal en Ubau op 2 Stäck ze bauen. En Highlight vum Projet ass d'Erriichte vun engem Nahwärmenetz mat Holzhackschnitzel fir d'Gebaier vun der Gemeng am Ëmfeld vun der Tennishal ze hëtzen. 

Photo-Entrée-Zone30
Photo-Logements-Sociaux-RueDuScheid
Plan-CR132-Mesures-Apaisement

An der Gemengerotssitzung vum 22. Oktober 2021 gouf de Projet iwwer Berouegungsmoossnamen vun der Kräizung ,,rue Andethana” a ,,rue du coin” geneemegt. An dësem Projet gëtt iwwer eng Längt vun 80 Meter ee Plateau an der ,,rue Andethana” aménagéiert. De Plateau soll dozou déngen, den Trafic ob dësem Deel ofzebremsen an ze berouegen. Des Weideren gëtt op der gesamter Streck den Trottoir ugepasst. Doduerch entsteet een Chemin mixte fir Foussgänger an Vëlosfuerer als Verbindung vun dem Campus ,,Am Sand” mat der Märei.

An der Gemengerotssitzung vum 25. Juni 2021 gouf den Erliefniswee “Maarkollef” genehmegt. Dësen Wee huet eng Gesamtlängt vun 3,0 km an verleeft am ,,Groußebësch” tëschent Nidderaanwen an Rued Syr. Dësen Wee ass als innovativen Léierpad fir Schoulkanner an hier Famill virgesinn. D’ Zil ass et, dass d’ Kanner bei den Statiounen duerch Matmaachen vun verschiddenen Aktiounen den Bësch entdecken an kennen léieren. Entlang dem Wee sinn 13 Statiounen geplangt, wou den Maarkollef entweder d’ Besicher zum Matmaachen motivéiert oder mat zousätzlechen Informatiounen Wëssen vermëttelt. Bei den Statiounen “Buchensuche” an ,,Eichenblick” stellt den Maarkollef verschidden Aarten vun Beem aus dem Bësch vir an fuerdert d’Kanner op dës am Bësch ze sichen. Des Weideren motivéiert den Maarkollef d’Besicher dozou bei der Statioun ,,Waldkunst” kreativ ze agéieren. Zousätzlech léiert een bei dëser Statioun Wëssenswäertes zum Tarnverhaalen vun den verschiddenen Déieren. Den ,,Sinnespfad” déngt dozou den Bësch duerch Taaschten, Kucken an Héieren bewosst Wouer ze huelen. An den weideren Statiounen, wéi ,,Wasser”, ,,Bodengeheimnisse”, ,,Aufgaben des Waldes” a ,,Wertvolles Holz” erkläert den Maarkollef, déi zum Deel verstoppten Schätz vun engem Bësch. Niewent der Parkméiglechkeet fir Autoen bei dem Fligermonument, wäert den Accès per Vëlo opgrond vun dem neien Vëloswee tëschent Nidderaanwen an Rued Syr assuréiert sinn. D’ Fäerdegstellung vum Erliefniswee ass fir Fréijoer 2022 geplangt.

Plan-Rue-Routscheed

An der Gemengerotssitzung vum 21. Mee 2021 gouf de Projet iwwer d’Renovatioun vun der ,,rue Routscheed” geneemegt. An dësem Projet gëtt een Trottoir tëschent dem Verbindungswee zur Rue Laach an der Schoul aménagéiert. Den Trottoir féiert als Trottoir traversant iwwer d’Zoufaarte vum Parking beim CIPA. Dat ass eng Moossnam fir d’Automobilisten drop opmierksam ze maachen, dass si an dëser Zone oppassen a lues fuere mussen. Soumat kann e séchere Schoulwee op dëser Deelstéck garantéiert ginn. Des Weideren gëtt de Busarrêt virun der Schoul sou ugepasst, dass d’ Schoulkanner ideal op de Bus goen kënnen.