Ëmwelt

Pilotprojet fir autonom Gefierer an eiser Gemeng

Verëffentlecht den 12 October 2026
Header-ponyai

Als Gemeng informéiere mir, dass d'Awunnerinnen an Awunner an de kommende Wochen a Méint speziell ekipéiert Gefierer op eisen ëffentleche Stroosse erblécke kënnen. Dës Gefierer, méi genau Autoe vun der Mark BAIC, Modell Arcfox T5, sinn Deel vun engem Pilotprojet vun der Firma Pony.ai, engem weltwäit aktive Betrib am Beräich vum autonome Fueren.

D'Zil vum Projet ass et, autonom Fuertechnologien ënnert reelle Verkéiersbedéngungen ze testen, a weiderzeentwéckelen. Eis Gemeng gouf heifir als Testgebitt ausgewielt, ënner anerem wéinst hirem villfältege Stroossennetz an de gëeegente Konditiounen fir strukturéiert Testfaarten ze assuréieren.

All d'Testfaarten erfollegen am Kader vun enger wëssenschaftlecher Testerlaabnis, déi vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ausgestallt gouf. D'Aktivitéiten ënnerleie strenge Sécherheetsvirgaben a respektéieren all d'lëtzebuergesch an europäesch Gesetzer a Reglementer, dorënner och d'Bestëmmunge vum Dateschutz (GDPR).

D’Sécherheet steet wärend der ganzer Testphas un éischter Stell. Och wann d’Gefierer mat autonomer Technologie equipéiert sinn, befënnt sech zu all Moment eng speziell ausgebilte Persoun am Gefier, déi am Noutfall direkt agräifen an d’Kontroll iwwerhuele kann.

De Projet gëtt a Zesummenaarbecht mat verschiddene Partner ëmgesat. Bolt, eng international Mobilitéitsplattform, ënnerstëtzt d’Integratioun vun autonomer Technologie an zukünfteg Mobilitéitsservicer, wärend d’Firma Emile Weber hir Expertise am Beräich Autosentwécklung, Flottemanagement a lokal Reglementer bäidréit.

Mat dësem Pilotprojet droe mir als Gemeng zu der Entwécklung an Evaluatioun vun innovative Léisungen am Beräich Mobilitéit bäi, a sinn houfreg bei dësem aussergewéinleche Projet mat u Bord ze sinn a mat nationalen an internationale Partner zesummeschaffen ze kënnen. D’Awunnerinnen an d’Awunner ginn zu all Moment iwwert wichteg Entwécklungen am Kader vum Projet informéiert.