Ëmwelt

Aktioun Bestëbserstauden

Verëffentlecht den 10 September 2026
ËM-Bestëbserstauden

Zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS schafft eis Gemeng dodrun, fir de Bestëbser erëm méi Pollen- an Nektarquellen an eisen Dierfer ze bidden. Aus deem Grond huet de Schäfferot decidéiert, fir d’Biergerinnen a Bierger bei der ekologescher Gestaltung vun hire Gäert a Balkonen ze ënnerstëtzten. Mir proposéieren Iech dofir och dëst Joer nees zesumme mam SIAS eng Aktioun, mat där Dir Äre Gaart ästhetesch an ekologesch opwäerte kënnt an de Bestëbser-Insekten eng wichteg Narungsquell bitt.

Mir offréieren den interesséierte Stéit an der Gemeng 1 Pak mat 6 bestëbserfrëndleche Wëllstaude fir ronderëm d’Haus ze planzen. D’Unzuel vun de Stauden ass fir eis Gemeng op 250 Päck limitéiert, den Delai fir eng Commande ze maachen ass den 12. Oktober 2026.

Wëllstaude si méijäreg Planzen, déi sech am Wanter an de Buedem zeréckzéien an am Fréijoer nei ausdreiwen. Als lëtzebuergesch Wëllstaud gi Staude bezeechent, déi aus dem Som vu wëlle Planzen hei zu Lëtzebuerg gezillt goufen, an eis esou an hirer Wëllform erhale bleiwen. Sou kënnen Insekten am Beschte vun den natierleche Bléie vun der Färberkamill, der Margeréitchen oder der Moschus-Malve profitéieren. Säit dësem Joer ginn dës Stauden och zu Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat soziale Strukture wéi dem CIGL Esch oder dem Lëlljer Gaart produzéiert.

Den Datum, wéini Dir Är Staude sichekomme kënnt, kritt Dir vun eis am Hierscht matgedeelt. Fir Är Commande ze maachen, biede mir Iech, eisen Online-Formulaire auszefëllen.

Am Beschte planzt Dir d’Stauden op eng sonneg Plaz ronderëm Äert Haus. Bei der Liwwerung kritt Dir och Consignë fir d’Planze vun deene verschiddene Stauden. Dir musst eng Fläch vun 1 m² fir déi 6 Staude virgesinn.

Dokumenter fir Erofzelueden