Gemengeliewen

Nationalfeierdag 2026

Verëffentlecht den 22 June 2026
Nationalfeierdag

UPDATE NATIONALFEIERDAG: 
Wéinst den héijen Temperature gouf de Programm vun Nationalfeierdag liicht ugepasst: De Cortège gëtt duerch Busnavetten ersat, d’Usprooch vum Buergermeeschter fënnt am Centre polyvalent „A Schommesch“ statt an de Schluss vun de Feierlechkeeten ass um 16.00 Auer. Mir bieden Iech, Är Kleedung un d’Wieder unzepassen a gutt op Iech opzepassen, andeems Dir am Schied bleift, Iech virun der Sonn schützt a genuch Waasser drénkt.


De Schäfferot huet déi grouss Éier, lech op d'Feierlechkeeten am Kader vun Nationalfeierdag, den Dënschden, 23. Juni 2026, ab 10.00 Auer, anzelueden. Hei fannt Dir de Programm vun de Festivitéiten.

  • 10.00 Auer: Te Deum zu Senneng an der Kierch
  • 11.00 Auer: Mam Bus bei d'Blummennéierleeung beim ,,Monument aux morts'' zu Ueweraanwen a ,,Sonnerie aux morts''
  • 11.15 Auer: Mam Bus bei d'Gemeng zu Ueweraanwen
  • 11.45 Auer: Treffe vun de Leit am Centre polyvalent ,,A Schommesch"
    • Usprooch vum Buergermeeschter Fréd Ternes
    • Nationalhymn & Europahymn
  • 12.15 Auer: Menü a Gedrénks offréiert vun der Gemeng
  • 12.30 - 14.00 Auer: Concert-Apéro vun der „Moselle Valley Brass Band“
  • 16.00 Auer: Schluss vun der Feier

Spill & Spaass fir d’Kanner – Animatioun de ganzen Dag: Gesiichtsmole fir Kanner, Maskottchen Treffen, Minions- a My Little Pony-Animatiounsprogramm, Seefeblosen-Show, Sprangschlass,...

D’Gemeng géing sech iwwert eng grouss Präsenz un de Feierlechkeete freeën.

Busnavette:
9.40 Auer: Gemeng - Senneng Kierch
Nom Te Deum: Busnavette a Richtung Ueweraanwen bei d',,Monument aux morts''
No der Blummennéierleeung: Busnavette bei d'Gemeng