Fotoen

Aweiung vum ,,Sportzenter Jos Mouton''

Verëffentlecht den 06.07.2026

E Freideg, den 3. Juli, ass an enger feierlecher Zeremonie de fréiere Centre sportif „Am Sand“ ëmbenannt ginn a „Sportzenter Jos Mouton“. Dëst, fir mam Jos Mouton e ganz grousse Sportsmann aus der Gemeng Nidderaanwen ze éieren. Ënner anerem war de Jos Mouton iwwer 30 Joer President vum BBC Gréngewald. Ronn 120 Leit, dorënner och eng sëlleg fréier Sportskomeroden, haten sech afonnt, fir dëse groussen Dag a Presenz vun der Famill Mouton ze feieren.