Gemengeliewen
2026-10-14 00:00:00+02:00

Gesondheets-Präventiounsdag – ICOPE

14.10.2026

Header-Journée prévention santé HELP
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Mëttwoch den 14 Oktober 2026 vun 14:00 - 18:00

Gut al ginn heescht fréi handelen! D’Help invitéiert Iech op e Gesondheets-Präventiounsdag ronderëm den ICOPE-Programm vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO). D’Zil ass et, Unzeeche vu Fragilitéit fréi z’erkennen an Är Autonomie esou laang wéi méiglech ze erhalen.

Op dësem Dag kënnt Dir:

• E gratis an einfache Gesondheetscheck maachen

• Nëtzlech Informatioune kréien

• Eis Informatiounsstänn besichen an eis Ekippe kenneléieren

📅 14.10.2026 🕑 14:00 – 18:00 Auer 📍 Centre Culturel Sandweiler

Gratis Entrée, Umeldung recommandéiert. 📧 [email protected] 📞 27 55 38 40

Dokumenter fir Erofzelueden