Jugend

Weltkannerdag 2026

Verëffentlecht den 20 November 2026
500

Haut ass Weltkannerdag! E besonneschen Dag, deen eis drun erënnert, datt all Kand, iwwerall op der Welt, fundamental Rechter huet. Dozou gehéieren ënner anerem d’Recht op Bildung, Gesondheet, Schutz, Spill a fräi Meenungsäusserung. Dës Rechter si wichteg, fir datt all Kand a Sécherheet opwuessen an sech fräi entwéckele kann.Am Kader vum Weltkannerdag huet d’Gemeng Nidderaanwen zesumme mat der Schoul an Niedz4Kidz verschidden Aktiounen op d’Bee gestallt, fir d’Kannerrechter an de Mëttelpunkt ze stellen:

  • Haut de Moien hunn d’Schülerinnen a Schüler vun der Schoul Am Sand eng symbolesch Mënscheketten um Schoulsite gebilt, fir e gemeinsaamt Zeeche vu Solidaritéit ze setzen.
  • Eng Klass aus dem Cycle 2 besicht déi lokal Pompjeeën a beschäftegt sech dobäi besonnesch mam Recht op Schutz.
  • D’Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4.1 hu sech a Workshops zesumme mat Niedz4Kidz méi genee mat de verschiddene Kannerrechter auserneegesat. Zu deene vun hinnen erausgesichte Rechter wäerten si an de kommende Méint konkret Aktiounen organiséieren an dës och dem Gemengerot virstellen.
  • Mat der bloer Beliichtung vum Gemengenhaus wëlle mir op d’Kannerrechter opmierksam maachen.

Véier Initiativen, eng gemeinsam Botschaft: D’Kannerrechter musse respektéiert a geschützt ginn. Haut an all Dag!

Fotogalerie