Ëmwelt

European Energy Award Gold 2026

Verëffentlecht den 18 November 2026
20261112_EAA-Triesen-ACN

Mat grousser Freed hu mir den Donneschden, 12. November 2026, zu Triesen (Liechtenstein) den European Energy Award Gold fir eis Efforten am Beräich vum Klimaschutz an der Energietransitioun iwwerreecht kritt. Mat engem Resultat vun 86 % gehéiert d’Gemeng Nidderaanwen zu de 15 Lëtzebuerger KlimaPakt-Gemengen, déi dëst Joer mat dëser prestigiéiser Auszeechnung geéiert goufen.

Den European Energy Award ass en europäescht Qualitéitsmanagement-System fir Gemengen am Beräich vun der Energie- a Klimapolitik. De Gold-Label gëtt u Gemengen ausgezeechent, déi méi wéi 75 % vun de virgesinne Moossnamen ëmgesat hunn. Am Joer 2026 kruten insgesamt 58 Gemengen an Europa dës Auszeechnung.

Dës Auszeechnung ass eng flott Unerkennung fir eist laangjäregt Engagement fir eng nohalteg Energie- a Klimapolitik. Gläichzäiteg ass si eng Motivatioun, dëse Wee konsequent weiderzegoen an och an Zukunft konkret Moossname fir de Klimaschutz an d’Energietransitioun an eiser Gemeng ëmzesetzen.

Weider Informatiounen iwwer den European Energy Award an d’Auszeechnung fannt Dir am Pressecommuniqué vun der Klima-Agence.

Dokumenter fir Erofzelueden