Ëmwelt

Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren an Uleeën vun engem Tiny Forest

Verëffentlecht den 17 November 2026
A7404963

E Samschdeg, de 14. November 2026, am Kader vum Dag vum Bam, gouf et eng grouss Planzaktioun um Site „Am Sand“, direkt nieft dem Aanwen’s Gaart.

Op Initiativ vum NaturTeam, a mat der Ënnerstëtzung vun der Naturverwaltung an dem Gärtnerdéngscht vun der Gemeng Nidderaanwen, goufen am Kader vun der Bamplanzaktioun fir déi Neigebueren 12 Uebstbeem fir d’Kanner aus dem Joer 2025 geplanzt. Zesumme mat hire Familljen hu si fir all Mount e Spaléierbam, entweder en Äppel- oder e Bierebam, mat vill Begeeschterung ageplanzt.

Virdru waren d’Awunner invitéiert, sech beim Uleeën vun engem Tiny Forest um selwechten Terrain ze bedeelegen. Dëse klengen, dicht geplanzte Bësch dréit dozou bäi, d’Biodiversitéit ze fërderen, d’Loftqualitéit ze verbesseren an e wäertvolle Liewensraum fir Déieren a Planzen ze schafen. Donieft kann den Tiny Forest an Zukunft och fir edukativ Zwecker genotzt ginn, fir Kanner a Jugendlecher méi no un d’Natur, d’Biodiversitéit an d’Wichtegkeet vun nohalteger Entwécklung erunzeféieren.

Als Ofschloss huet d’Gemeng op e flotte BBQ invitéiert, bei deem sech jiddereen no der ustrengender Aarbecht an enger gemittlecher Atmosphär stäerke konnt. Ofschléissend krut nach all Neigebuerenen e flotte Kaddo, hiergestallt vun der Naturverwaltung, iwwerreecht.

Hei fannt Dir d'Fotoe vun dësem Event.