Gemengeliewen

Chrëschtmaart Gemeng Nidderaanwen

Verëffentlecht den 13 November 2026
Chrëschtmaart26-Site-News (2)

Chrëschtmaart Gemeng Nidderaanwen 🎄✨


Vum 4. bis 6. Dezember 2026 verwandelt sech de Site vun der Gemeng zu Ueweraanwen rëm an e stëmmungsvolle Chrëschtmaart.​‌

Freet Iech op eng gemittlech chrëschtlech Atmosphär, vill verschidde Stänn a vill schéi Geschenkiddie fir d'Advents- a Chrëschtzäit. Fir déi passend musikalesch Begleedung suerge wärend dem ganze Weekend verschidde musikalesch Highlights. ​‌

Natierlech dierf och e ganz speziellen Invité net feelen: De Kleesche kënnt laanscht a suergt virun allem bei deene klenge Visiteure fir e besonnesche Moment 🎅​‌

Ob fir gemittlech zesummenzekommen, fir Chrëschtkaddoen ze entdecken oder einfach, fir wanterlech Schneekegkeeten ze genéissen, de Chrëschtmaart zu Ueweraanwen luet op e gemittlecht Beieneen an.

Programm:

Freiden, 4.12. | 17.00 - 22.00 Auer

  • 17.30 Auer: Offiziell Ouverture vum Chrëschtmaart a Presenz vum Gemengerot
  • 17.45 Auer: Intermezzo mam Saxofon-Ensemble (UGDA)

Samschden, 5.12. | 12.00 - 22.00 Auer

  • 12.00 - 14.00 Auer: De Kleeschen op Besuch, begleet vun engem Concert vun der Fanfare Hueschtert
  • 14.00 - 17.00 Auer: Sandmäertchen
  • 14.30 Auer: Concert vun den Nidderaanwener Schoulkanner (Cycle 2-4)
  • 16.45 Auer: Concert vum Ensemble Vocal Jubilate Musica
  • 19.00 Auer: Concert vun der Band Lullingbirds

Sonnden, 6.12. | 12.00 - 20.00 Auer

  • 12.00 - 20.00 Auer: Hobbymaart
  • 15.00 Auer: IDEA Chrëschtdanzshow

Ruffbus & Citybus gratis
Parkplazen an der Ëmgéigend a bei der Maison Relais ''Am Sand''