Gemengeliewen

Mir sichen jonk Leit an Hobbykënschtler fir eise Chrëschtmaart

Verëffentlecht den 20 October 2026
Chrëschtmaart26-Site-News (2)

D'Gemeng Nidderaanwen sicht fir säi Chrëschtmaart Jonker, déi Loscht hunn auszehëllefen a sech eppes Klenges derbäiverdénge wëllen.

👉 Du bass tëscht 18 an 30 Joer al?
👉 Du wunns an der Gemeng Nidderaanwen?
📅 Bass disponibel vum 4. bis de 6. Dezember (max. 5 Stonnen den Dag)?
📨 Da schéck eis eng Mail op [email protected]

_____________

Fir eise Chrëschtmaart si mir nach op der Sich no Hobbykënschtler 🔍 Sonndes, de 6. Dezember, hutt Dir nämlech d'Méiglechkeet, tëschent 12 an 20 Auer Är Kreatioune bei eis am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' ze verkafen ✨ Interesséiert? Da mellt Iech elo via [email protected] bei eis 🤓

Dokumenter fir Erofzelueden