Politik

Assermentatioun vun der Gemengeconseillère Véronique Kieffer

Verëffentlecht den 06 October 2026
01.10.26-Assermentation-Véronique-Kieffer-1

Nom Récktrëtt vun der Gemengeconseillère, Martine Kremer-Dupong, op den 30. September 2026, gouf de leschten Donneschden, 1. Oktober 2026, d'Véronique Kieffer offiziell als nei Gemengeréitin vereedegt.

Mir wënschen dem Véronique Kieffer vill Erfolleg an eng glécklech Hand a senger neier Fonktioun als Member vum Gemengerot vun der Gemeng Nidderaanwen.