Gemengeliewen
Brand an engem Deel vum Schoulgebai
Verëffentlecht den 28 September 2026
De Mëtteg, 28. September, géint 16:15 Auer ass an engem Deel vum Schoulgebai, deen de Moment renovéiert gëtt, e Brand ausgebrach. D’Rettungsdéngschter ware séier op der Plaz a konnten d’Feier bannent kuerzer Zäit ënner Kontroll bréngen a läschen.
D’Beräicher vun der Schoul, an deenen d'Schülerinnen a Schüler sech ophalen, waren net vum Brand betraff. Aus Virsiicht goufen zousätzlech Kontrollmoossname vun der Loftqualitéit duerchgefouert, déi keng Onreegelméissegkeete gewisen hunn, sou dass muer, den 29. September, d'Schoul nees hire reguläre Betrib ophëllt.
E grousse Merci geet un d’Pompjeeën souwéi un all déi aner Bedeelegt fir hire séieren a professionelle Asaz!