Gemengeliewen

Signature vun der MEGA-PLUS 2026 Konventioun

Verëffentlecht den 24 July 2026
23.07.26_Konventioun-MEGA-LR-30

De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen hat den 23. Juli 2026 déi grouss Éier, zesumme mat der Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes, d'Konventioun MEGA-PLUS 2026 ze ënnerschreiwen. Mat dëser Ënnerschrëft leet d'Gemeng Nidderaanwen e wichtege Grondstee fir hiert Engagement zu Gonschte vun enger Gesellschaft, an där Gläichberechtegung net nëmmen e Wuert bleift, mee all Dag aktiv soll gelieft ginn.