Konscht & Kultur

Summerfreed

Verëffentlecht den 19 August 2026
Summerfreed2026_Titel_Site

Mat grousser Freed invitéiere mir Iech op déi 2. Editioun vum Summerfreed, déi vum 8. bis 29. August 2026 am Parc de l'Europe zu Ueweraanwen stattfënnt!

Entdeckt verschidde Museks- a Filmstiler a weist Äert Talent bei eisem Open-Air Karaoke-Owend. Op véier verschidde Weekender verdeelt erwaart Iech e flotte Programm am Kader vun eisem Festival am Park hannert dem Gemengenhaus. Genéisst eng gemittlech a flott Atmosphär mat Musek, Ligestill, Foodtrucks, Gedrénks a Cocktailer. Kommt laanscht a verbréngt schéi Summerowenter mat der Famill a Frënn!



Programm
 :


08.08.2026 - Jazz & Blues Night

  • 18.30 Auer: Naomi Jazz Trio (LU)
  • 20.30 Auer: BG and the Rebels (LU)

15.08.2026 - Vinyl to Viral

  • 18.30 Auer: The Time Machine (LU)
  • 20.30 Auer: Cosmic Clic (FR)

22.08.2026 - Karaoke Night

  • 19.00 Auer: Warm Up: Queen Hits
  • 20.30 Auer: Get ready for Karaoke !

28.08. & 29.08.2026 : Open Air Cinema

  • 28.08.2026 - Mr. Bean's Holiday (2007, FSK 0)
  • 29.08.2026 - Once Upon a Time... in Hollywood (2019, FSK 16)
    Drinks & Food : 19.00 Auer | Movie : 20.30 Auer
Fotogalerie
Dokumenter fir Erofzelueden