LETZ GO GOLD 2026
Verëffentlecht den 13 June 2026
Am Kader vun “Nidderaanwen lieft Sport”, wou d’Gemeng Nidderaanwen eng gesond, aktiv an inklusiv Gesellschaft duerch d’Entwécklung vun kierperlecher Aktivitéiten a Sport virgesäit, wëlle mir e.a. och d’Fondatioun kriibskrank Kanner ënnerstëtzen.
Duerfir hu mir entscheet, eng Ekipp fir d’Course solidaire “LËTZ GO GOLD” (1,5 km – 5 km – 10 km), déi Samschdes, de 26. September 2026 zu Lëtzebuerg/Neiduerf (beim Stade Henri Funck) organiséiert gëtt, unzemellen a Suen ze sammelen. Mee ouni är Ënnerstëtzung si mir näischt wäert an duerfir géife mir eis freeën, wann och dir Iech géift aschreiwen a Suen fir de gudden Zweck sammelen.
De Prinzip ass ganz einfach: Et kann een en Don un d’Team Gemeng Niederanven maachen. An/Oder et trëtt een der Ekipp bäi, an deen Ament verpflicht een sech, e Minimum vun 200 Euro ze sammelen. Wann dir “just” een Don wëllt maachen, gëtt dësen Don gerecht ënner de Membere vun dësem Team opgedeelt.
Déijéineg, déi der Ekipp bäitrieden a matlafe wëllen, mee et awer net fäerdeg sollte bréngen, bis zum Stéchdatum vum 26. September déi néideg 200 Euro ze sammelen, kënnen herno entweder de feelende Montant selwer nach bäileeë fir dierfe bei der Course ze starten, mee d’Team Gemeng Niederanven iwwerhëlt an deem Fall net de feelende Betrag.
Hei fannt dir de Link vun eisem Team an och zu all weideren Erklärungen:
https://fundraising.fondatioun...
Merci am Numm vun all betraffe Kand an am Numm vun der Gemeng Nidderaanwen fir är Ënnerstëtzung!