Konscht & Kultur

Tour Elentriks Niederanven

Verëffentlecht den 23 April 2026
News-Tour-Elentrik-Niederanven

Hues du e kënschtlerescht Talent? Mir organiséieren an eiser Gemeng eng nei Editioun vum Street Art Projet ,,Tour Elentrik'', bei deem lokal Artisten a profesionnell Kënschtler zesummen dru schaffen, fir déi gro a monoton elektresch Schief an e Konschtwierk ze verwandelen. Mell dech bis den 3. Mee 2026 un, mir freeën eis op dech!

Aschreiwungsformulaire

Dokumenter fir Erofzelueden