Gemengeliewen
Route barrée um Sennengerbierg
Verëffentlecht den 04 April 2026
Mir informéieren, dass d’Rue Binnewee um Sennengerbierg vum 07. Abrëll, 7:00 Auer, bis den 31. Oktober 2026, 17:00 Auer, wéinst der Renovatioun an Ëmgestaltung vum ale Waassertuerm fir den Trafic op enger Säit gespaart ass. Wärend dësen Aarbechte gëtt de Verkéier vun der Rue du Gruenewald a Richtung Rue des Romains a Rue du Château d’Eau deviéiert.
D’Accèse bei d’Haiser 1 bis 13 si just vun der Kräizung Rue Binnewee/Rue du Château mam Auto zougänglech.
Merci fir Äert Versteesdemech.
Dokumenter fir Erofzelueden