Gemengeliewen
Seniorecafé
Verëffentlecht den 02 April 2026
De Seniorecafé - eng nei Initiativ vun Nieds4Seniors, fir an enger gemittlecher Atmosphär bei Kaffi a Kuch zesummen ze schwätzen, wéi mir eis Gemeng nach méi seniorefrëndlech gestalte kënnen.
5 Rendez‑vousen an de verschiddenen Dierfer vun eiser Gemeng, mat de Membere vun Nieds4Seniors a mam Buergermeeschter.
Schwätzt mat, Är Iddien a Meenungen zielen!
Den éischte Rendez-vous ass de Mëttwoch, 15. Abrëll, vu 15 bis 17 Auer an der Salle associative zu Hueschtert. Umelle kënnt Dir Iech iwwert den 34 11 34-35 oder via [email protected]!
Dokumenter fir Erofzelueden