Gemengeliewen
Eng schéin Aktioun fir Chrëschtdag!
Verëffentlecht den 23 December 2025
Wéi den 3. Dezember 2025 am Gemengerot decidéiert, schécke mir als Gemeng och dëst Joer keng Postkaarte fir d‘Feierdeeg eraus. Dofir spenden mir déi gespuerte Käschten fir e gudden Zweck un 2 Associatiounen:
- Wonschkutsch asbl.
- Association nationale des Victimes de la Route asbl.
Doriwwer eraus huet all Gemengerotsmember an Zesummenaarbecht mam Office Social ,,Centrest'' e Kaddo kaf, fir jeeweils enger Famill, déi net esou vill Moyenen huet, eng Freed ze maachen.
De ganze Gemengerot wënscht Iech schéi Feierdeeg an e friddlecht neit Joer 2026!