Fotoen
Signature vun der MEGA-PLUS 2026 Konventioun
Verëffentlecht den 24.07.2026De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen hat den 23. Juli 2026 déi grouss Éier, zesumme mat der Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, Yuriko Backes, d'Konventioun MEGA-PLUS 2026 ze ënnerschreiwen. Mat dëser Ënnerschrëft leet d'Gemeng Nidderaanwen e wichtege Grondstee fir hiert Engagement zu Gonschte vun enger Gesellschaft, an där Gläichberechtegung net nëmmen e Wuert bleift, mee all Dag aktiv soll gelieft ginn.