Fotoen

Klimaforum 2026

Verëffentlecht den 08.06.2026

De Samschdeg de Moien, 6. Juni 2026, stoung d'Gemeng komplett am Zeeche vum Klima. No enger kuerzer Aféierung vum Klimapaktberoder vun der Gemeng bezüglech dem kommunalen Dekarboniséierungsplang, ass et dunn an d’Workshops gaangen. Zesumme mam Klimateam, Naturteam, der Ëmweltkommissioun an der Energietransitiounskommissioun sinn iwwer d’Themen Energieconsommatioun, naturno Gäert, Mobilitéit an Energieproduktioun déi gréissten Erausfuerderungen a Problemer definéiert ginn. Uschléissend sinn no Léisunge gesicht ginn, déi fir d’visuell Ënnerstëtzung mat Lego gebaut gi sinn.

D’Resultater aus de verschiddene Workshops vum Klimaforum wäerten am Gemengeblat NEIES 04/26 méi genau presentéiert ginn.