Fotoen
Informatiounsversammlung „Nidderaanwen produzéiert elo“
Verëffentlecht den 06.05.2026Am Abrëll 2026 huet d’Gemeng Nidderaanwen am Kader vun hirer Campagne „Zesumme produzéieren“ eng grouss Aktioun lancéiert. Mat Hëllef vun Informatiounskaarten goufen all déi Stéit an der Gemeng schrëftlech kontaktéiert, deenen hiert Haus fir d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag a Fro kënnt.
Am Ganze goufen esou ronn 1 450 Stéit iwwer eng méiglech Installatioun informéiert, där hir Leeschtung individuell un d’Dachfläch vum jeweilege Wunnhaus ugepasst ass.
Zousätzlech goufen d’Stéit op eng Informatiounsversammlung agelueden, bei där de Projet an d’Virfinanzéierung am Detail erkläert goufen an Entreprisë direkt op der Plaz fir eng perséinlech Berodung zur Verfügung stoungen.