Fotoen
Informatiounsowend iwwert den Douzelage
Verëffentlecht den 20.04.2026Vill interesséiert Biergerinnen a Bierger hunn de 14. Abrëll de Wee op d'Informatiounsversammlung iwwert den Douzelage fonnt. Niewent der Presentatioun vum Douzelage an dem Douzelage Team, gouf och de Prinzip vum alljärlechen General Meeting erkläert, dëst en vue vum General Meeting 2027, deen zu Nidderaanwen gehost gëtt.