Fotoen

Éierung Alexander Davies, U21‑Europameeschter 2026 am Karate

Verëffentlecht den 31.03.2026

Vum 6. bis den 8. Februar 2026 ass zu Limassol (ZYP) d’Karate‑Europameeschterschaft an de Kategorien U21, Junior a Cadet organiséiert ginn. Fir Lëtzebuerg stounge mam Alexander Davies, Matteo Pierantoni, Sarah Gawellek (all am Kumite) an Alexander Arcq (Kata) net manner ewéi véier Athlete vum Karateclub Niederanven um Tatami. A fir den Alexander Davies sollt dës Kompetitioun ganz erfollegräich op en Enn goen, well hie sech no fënnef Victoiren – ë. a. géint d’Nummeren 2 an 3 an der Weltranglëscht – den U21‑EM‑Titel an der Kategorie +84 kg séchere konnt. D’Gemeng Nidderaanwen felicitéiert dem Alexander Davies zu dësem enormen Exploit.