Fotoen
Iwwerreeschung vun der sëlwerer Plaquette Dicks-Rodange-Lentz
Verëffentlecht den 13.01.2026De Samschden, 10. Januar 2026, huet Actioun Lëtzebuergesch hiren Neijoerschpatt bei eis op der Gemeng ofgehalen.
An dësem Kader hate mir déi grouss Freed als Gemeng d'sëlwer Plaquette Dicks-Rodange-Lentz fir d'Joer 2026 entgéintzehuelen, dëst fir eis Beméiunge fir d'Lëtzebuerger Sprooch op eise Kommunikatiounsplattformen ze fërderen.