Fotoen

100. Gebuertsdag vun der Mme Dostert-Dondelinger

Verëffentlecht den 11.11.2025

100 Joer, dat muss gefeiert ginn!

Fir de ronne Gebuertsdag vun der Madamm Dostert-Dondelinger huet eise Schäfferot et sech net huele gelooss, fir dem Gebuertsdagskand e Besuch am CIPA ,,Gréngewald'' Niederanven ofzestatten. A Presenz vum Familljeminister, Max Hahn, gouf feierlech op d'Madamm Dostert-Dondelinger ugestouss.