Fotoen

Foto-Audio-Projet „Wee bass du“

Verëffentlecht den 16.06.2025

Den Donneschden, 12. Juni 2025, gouf am Centre polyvalent „A Schommesch“ de Foto-Audio-Projet „Wee bass du“ presentéiert. No der Filmprojektioun (fräi accessibel op jess.lu) gouf eng Table ronde ofgehalen, mam Jessica Theis, zwou Mataarbechterinne vun Elisabeth Handicap, eisem 1. Schäffen an engem Bewunner aus engem Foyer vun Elisabeth Handicap. D’Diskussioun huet sech haaptsächlech ëm de Foyer „Op de Wolleken“ zu Nidderaanwen gedréit. Et war en immens interessanten Owend mat villen Andréck.