Gemengeliewen
2026-11-29 00:00:00+01:00

Nidderaanwener Adventsfënsteren 2026

29.11.2026

08_06_SICN Adventsfensteren-3
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Sonndeg den 29 November 2026 vun 18:00 - 19:00

Offiziellen Optakt (29. November): De Syndicat d’Initiative beliicht déi éischt Adventsfenster a mécht domat den Ufank vun de Festlechkeeten.

  • Opruff un d’Participanten (21 Fënsteren): Mir sichen 21 Awunner, déi bereet sinn eng Fënster festlech ze dekoréieren an, wa si wëllen, d'Visiteuren bei engem klenge Pättchen an engem gemittleche Kader ze begréissen.
  • Spezialaktioun fir Kanner: D’Kanner kënnen eis bis de 27. November eng Chrëschtdagszeechnung op [email protected] schécken. D’Zeechnunge ginn den 29. November bei der Aweiung vun der éischter Fënster ausgestallt!
  • Kalenner mat den Adressen: De komplette Programm mat de Standuerter vun de beliichte Fënstere gëtt Enn November als Flyer an op eiser Internetsäit publizéiert.

Praktesch Informatiounen & Umellungen

  • Datum vun der Manifestatioun: Vum 29. November bis den 20. Dezember 2026
  • Auerzäit vun den Zesummekënft: All Owend vun 18:00 bis 19:00 Auer
  • Umeldungsschluss fir d’Kannerzeechnungen: 27. November 2026
  • Verëffentlechung vum Kalenner: Enn November 2026
  • Wéi matmaachen / en Datum reservéieren: Per E-Mail op [email protected] oder direkt online iwwer de QR-Code um Flyer.
Dokumenter fir Erofzelueden