Gemengeliewen
2026-11-25 00:00:00+01:00
Informatiounsowend iwwert dat neit Parkraumkonzept
25.11.2026
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit:
Mëttwoch
den 25
November
2026
vun 18:30 - 20:00
Plaz:
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven
Centre polyvalent A Schommesch
- 18, rue d'Ernster L-6977 Oberanven
De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen, zesumme mam Bureau d’études Schroeder & Associés, invitéiert op en Informatiounsowend iwwert dat neit Parkraumkonzept, dat vum 1. Januar 2027 un an der Gemeng a Kraaft trëtt.
D'Presentatioun gëtt op Lëtzebuergesch gehalen, mat simultaner Iwwersetzung op Franséisch an Englesch.
Programm:
• Begréissung vum Buergermeeschter Fréd Ternes
• Presentatioun vum neie Parkraumkonzept
• Froen an Äntwerten