Ëmwelt
2026-11-14 00:00:00+01:00

Planzaktioun Tiny Forest

14.11.2026

TinyForest Site
Allgemeng Informatiounen
Datum & Auerzäit: Samschdeg den 14 November 2026 vun 10:30 - 13:00

D'Gemeng Nidderaanwen invitéiert Iech häerzlech op d'Planzaktioun vun eisem neien Tiny Forest nieft dem Aanwen's Gaart bei der Maison Relais am Sand.

En Tiny Forest ass e klenge, dicht beplanzte Bësch, dee vill Virdeeler fir d'Ëmwelt bitt: Hie fërdert d'Biodiversitéit, verbessert d'Loftqualitéit, späichert CO₂ a schaaft wäertvoll Liewensraim fir Déieren a Planzen.

Maacht mat a setzt zesumme mat eis e wichtegt Zeeche fir eng méi gréng a nohalteg Zukunft!

Samschdeg, de 14. November 2026
10:30 Auer: Planze vum Tiny Forest
12:00 Auer: Gemittleche BBQ fir all Participanten

Umelle kënnt Dir Iech bis den 9. November 2026 per E-Mail via [email protected].

Mir freeën eis op Är Participatioun!

Dokumenter fir Erofzelueden