Ziler 2030
D'Konzepter vum Ëmweltministère an Energieministère sinn:
- de PNEC „Le Plan national intégré en matière d’énergie et de climat“ mat de fir 2030 festgeluechten Ziler, ewéi:
- d'Reduzéierung vun den Zäregasen ëm -55% par Rapport zu 2005
- d'Steigerung vun den erneierbaren Energië vun 11% op 25%
- d'Steigerung vun der Energieeffizienz vu 40% bis 44%
- den nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung mam Stoppe vun der Dégradatioun vun der Ëmwelt an d’Respektéiere vun den natierlechen Ressourcen
- d'Strategie an Aktiounsplang fir d’Upassung vum Klimawandel
Mir als Gemeng setzen eis Ziler an Ofstëmmung mat dëse Virschrëften a maachen eis Bescht fir alles ze erreechen an am beschte Fall ze iwwertreffen.
Déi gesamt national Dokumenter fannt Dir hei:
PNEC PNDD Strategie an Aktiounsplang
Zousätzlech zu den nationale Pläng, hunn mir verschidde Konzepter fir d’Entwécklung bis 2030 ausgeschafft:
Kommunal Strategie fir den Ëmweltschutz