Wat ass de KlimaPakt?
Mat der Ënnerschrëft vum Kontrakt fir de Klimapakt 1.0 am Joer 2013, setzt sech d’Gemeng Nidderaanwen säit lo bal 10 Joer fir de Kampf géint de Klimawandel an. Fir dëst Engagement nohalteg weider ze entwéckelen ass d’Gemeng den 21.4.2021 dem nationale Klimapakt 2.0 bäigetrueden a soumat ass d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an dem Lëtzebuerger Staat iwwer weider 10 Joer (2021-2030) verlängert ginn.
Mat dëser Verlängerung bestätegt d’Gemeng hir Zilsetzung an de Beräicher vum nohaltege Schutz vun den natierleche Ressourcen, virun Allem am Beräich Energie a Matière Première, Buedem, Waasser, Loft, Klima, Biodiversitéit, Natur a Kulturlandschaft, souwéi déi am integréierten nationalen Energie- a Klimaplang vu Lëtzebuerg fir den Zäitraum 2021-2030 “PNEC” analyséierten Ziler ze erreechen a wa méiglech ze iwwertreffen.
Am Géigenzuch ënnerstëtzt de Staat dofir d’Gemenge finanziell an technesch bei den Ëmsetzungsprozessen. Soumat erméiglecht de Klimapakt 2.0 eng staatlech Fërderung vum klimapolitesche Bestriewe vun der Gemeng den Ausstouss vun den Zäregase bzw. dem Energieverbrauch ze reduzéieren. Dëst allerdéngs am Zesummeklang mat der Stimuléierung vum Aarbechtsmaart, Investitiounen a Wirtschaftsaktivitéiten.
Fir den Erfolleg vun der lokaler Klimastrategie ze bestätegen ass d’Planung an d’Ëmsetzung vun dëse Moossnamen eminent wichteg.
Als éischt soll sech d’Gemeng – Schrëtt fir Schrëtt – Ziler fir hiert zukünftegt klimapolitescht Handele setzen. Dës solle konform zu den nationale Klimaschutzvirgabe sinn an zudeem sou vill wéi méiglech klimarelevant Themen ofdecken. Fir dëst ze garantéieren, orientéiert sech d’Gemeng virun Allem an deene vum Klimapakt definéierte Mesuren, déi den EEA (European Energy Award) als Grondlag huelen.
Dëse gesäit fir, dass am Ufank vun den Aarbechten ee “kommunal Leitbild Klimaschutz” opgestallt gëtt, wat quantitativ a qualitativ Ziler fir d’klimapolitesch Aarbechten definéiert. Dës sollten op dem EEA‑Mesurekatalog baséieren, deen insgesamt 74 Critèren aus sechs Themefelder “Entwécklungsplangung a Raumuerdnung”, “kommunal Gebaier an Anlagen”, “Versuergung an Entsuergung”, “Mobilitéit”, “intern Organisatioun” a “Kommunikatioun a Kooperatioun” besetzt. Unhand vun der Beaarbechtung vum EEA-Katalog ginn déi geleeschten Aarbechte vun der Gemeng iwwerpréift an an engem Audit bewäert. Och zukünfteg Moossname sollen sech op de Katalog bezéien.