Jumelage

DOUZELAGE

1991 hunn d’Déléguéen vun 12 Stied aus 12 verschiddene Länner aus der Europäescher Unioun, dovun war eng Nidderaanwen, d’Jumelage Charta vum « Douzelage » zu Granville an der Normandie ënnerschriwwen.

Matt dem offiziellen Akt huet Nidderaanwen, zesummen mat hire neie Partner d’Jalonen gesat fir eng nei an eenzegaarteg Jumelage Kooperatioun a punkto Kultur, Sport, Educatioun an Sozialwirtschaft.

1993 kritt den Douzelage dann och déi prestigiéis Europäesch Auszeechnung vun den « Etoiles d’Or du Jumelage » zu Bréissel zougesprach. Domat huet den Douzelage definitiv e VIP Status ënner de Stiedtpartnerschaften kritt.

Matt de Joren huet den Douzelage sech dann au fur-et-à-mesure zesummen mat der EU vergréissert.

Member Stied :

Agros, (Zypern), Altea, (Spuenien), Asikkala,(Finnland), Bad Kötzting, (Däitschland), Bellagio (Italien), Bundoran (Irland), Chojna (Polen), Granville(Frankräich), Holstebro (Dänemark), Houffalize (Belsch), Judenburg (Éisträich) , Köszeg (Ungarn) , Marsaskala (Malta), Meerssen (Holland), Nidderaanwen (Lëtzebuerg), Oxelösund ( Schweden), Rovinj (Kroatien), Preveza (Griechenland), Prienai (Litauen), Sesimbra (Portugal), Sherborne (England), Sigulda (Lettland), Siret (Rumänien), Škofja Loka (Slowenien), Sušice (Tschechesch Republik), Tryavna (Bulgariien), Türi (Estland), Zvolen (Slowakei)

 

Site internet : www.douzelage.eu