Gemengeliewen
Route Barrée zu Hueschtert
Verëffentlecht den 22 March 2026
Mir informéieren, dass wéinst der Erneierung vun engem Deel vum Stroossebelag, d’Rue Principale zu Hueschtert vum 24. Mäerz, 08:00 Auer, bis de 07. Abrëll 2026, 17:00 Auer, deelweis fir de Verkéier gespaart ass.
Wärend dëser Period ass den Accès bei d’Haiser 1 bis 3 net méiglech. Ier d’Aarbechten uginn, sinn d’Awunner gebieden, hir Autoen aus de Garagen ze huelen, fir wärend der ganzer Zäit vun den Aarbechte mobil ze bleiwen.
Zousätzlech sinn d’Awunner gebieden, vun e Méinden, 23. Mäerz 2026 un, hir Poubellen, souwéi hir Valorlux-Tuten, op eng vun deenen zwou Plazen, déi fir d’Asammele vum Offall virgesi sinn, erauszestellen.
Merci fir Äert Versteesdemech.
Dokumenter fir Erofzelueden