Gemengeliewen
Route barrée um Sennengerbierg
Verëffentlecht den 20 March 2026
Mir informéieren, dass d’Rue du Golf um Sennengerbierg vum 23. Mäerz, 8:00 Auer, bis de 24. Abrëll 2026, 17:00 Auer, wéinst der Mise en conformité vum Busarrêt “Charly’s Statioun Quai 2” fir den Trafic op enger Säit gespaart ass. Wärend desen Aarbechte gëtt de Verkeier vun der Route de Trèves a Richtung Rue du Bois deviéiert, an de Busarrêt ’’Rue du Golf Quai 1’’ wäert duerch den Arrêt ’’Laangschib’’ virun der Tankstell Esso ersat ginn. D’Awunner, déi tëschent den Hausnummere 14 bis 94 wunnen, hunn d’Méiglechkeet hir Haiser vun der Kräizung Rue du Golf/Route de Trèves aus mam Auto ze erreechen.
D’Accèse bei d’Haiser 1 bis 13 si just vun der Kräizung Rue du Gruenewald/Rue du Golf mam Auto accessibel.
Merci fir Äert Versteesdemech.
Dokumenter fir Erofzelueden